
40 plays · Jul 19, 2026
Ass The Odyssey wierklech dem Christopher Nolan säi Meeschterwierk? De Mike kënnt aus dem IMAX a schwätzt vun engem moderne Klassiker, wärend de Yannick bei der Live-Action-Versioun vu Vaiana virun allem eng Fro huet: Firwat gouf dëse Film iwwerhaapt gemaach?
Donieft kucke mir op Evil Dead Burn, dee mat staarkem Gore a gudden Iddien ufänkt, mee um Enn als bis elo schwaachsten Deel vun der Rei enttäuscht. Ausserdeem schwätze mir iwwer dem Robert Eggers säin neie Werwolf-Film, Regisseuren, déi ëmmer nees op déi selwecht Schauspiller zeréckgräifen, an d’Fro, ob een d’Konscht wierklech vum Kënschtler trenne kann.
Eng Episod tëscht IMAX-Euphorie, Disney-Frust, Horror-Gore an enger Diskussioun, déi méi déif geet wéi geplangt.
41:04
55:35
58:57
48:3556 plays · Jun 21, 2026
58:05
59:54