
36 plays · Oct 11, 2026
Bei Verity si mir eis dës Kéier definitiv net eens! Wärend de Mike sech vum Katz-a-Maus-Spill gutt ënnerhale gefillt huet, huet de Film op där anerer Säit fir däitlech méi Frust gesuergt. Mir diskutéieren iwwer de Plot Twist, d'Charakteren, d'Inszenéierung an d'Fro, ob de Film wierklech esou clever ass, wéi en et wëll sinn.
Duerno geet et ëm Primetime mam Robert Pattinson. E staarke Cast, eng spannend Ausgangslag an e Look, deen déi fréi 2000er perfekt afänkt – mee geet de Film kritesch genuch mat sengem Sujet ëm?
Eng richteg Iwwerraschung gëtt et dogéint bei Sense and Sensibility, deen trotz éischter Skepsis vill méi Spaass mécht wéi erwaart.
Ausserdeem schwätze mir iwwer East of Eden, Monster, déi méiglech nei Star-Wars-Trilogie, Daisy Ridley als Rey an d'Fro, ob Disney d'Skywalker-Saga net endlech sollt roueg loossen.
An natierlech kucke mir och, wat an den nächste Wochen nach am Kino leeft.
🎬 Verity
🎬 Primetime
🎬 Sense and Sensibility
📺 East of Eden & Monster
⭐ Déi nächst Star-Wars-Trilogie
🍿 An nach e puer Kino-Tipps
53:4537 plays · Sep 27, 2026
41:04
55:35
1:04:00
58:57
48:3564 plays · Jun 21, 2026