Become a Creator today!Start creating today - Share your story with the world!
Start for free
00:00:00
00:00:01
The Odyssey ass Peak Cinema! – Spider-Man, Maspalomas & Kaulitz image

The Odyssey ass Peak Cinema! – Spider-Man, Maspalomas & Kaulitz

E54 · Plottwist
Avatar
10 Plays5 hours ago

An dëser Episod schwätze mir iwwer Spider-Man: Brand New Day. De Peter Parker ass esou eleng an däischter wéi nach ni, mee leider sti sech Marvel mat onpassende Witzer an ze vill CGI nees selwer am Wee. Ass et trotzdeem ee vun de beschten MCU-Filmer zanter Endgame?

Duerno gëtt et eng grouss Léifterklärung un The Odyssey. Fir eis ass dem Christopher Nolan säin neie Film net nëmme besser wéi Oppenheimer, mee méiglecherweis souguer säi beschte Film. Mir schwätzen iwwer déi gewalteg IMAX-Erfarung, de Sirene-Monolog, den Travis Scott an eis geckeg Pläng, de Film nach eng Kéier a 70 mm zu Bréissel ze kucken.

Ausserdeem geet et ëm den emotionalen a wichtege Queer-Film Maspalomas, déi drëtt Staffel vu Kaulitz & Kaulitz, den Johnny Depp als Ebenezer Scrooge, en iwwerraschend villverspriechende Werewolf-Trailer an déi nei Staffel vun The Rings of Power.

Zum Schluss stelle mir eis nach d’Fro, firwat ëmmer méi grouss Hollywood-Regisseuren den Asaz vun AI am Film begréissen – a firwat mir dat éischter problematesch fannen.

Opgepasst: D’Episod enthält Spoilere fir Spider-Man: Brand New Day an The Odyssey.

Recommended