
0 plays · Oct 25, 2026
Vum Lëtzebuerger Häerzensprojet bis bei groteske Bodyhorror: Dës Kéier schwätzen de Mike an de Yannick iwwer Äppel a Bieren vum Lukas Grevis a firwat de Film och ouni grousse Budget iwwerzeegt. Dem Mike Flanagan seng Carrie weist, wéi spannend eng altbekannte Geschicht nach ka sinn, an Clayface suergt fir Begeeschterung – an de Wonsch, heiansdo einfach ewechzekucken.
Bei The Social Reckoning ass d’Theema spannend, mee geet dat duer fir e gudde Film? Mir diskutéieren iwwer d’Facebook-Files, manipulativ Algorithmen a firwat eis verschidde Filmer packen, wärend anerer eis éischter aschlofe loossen. Dobäi: eis Virfreed op eng Doku iwwer den Theranos-Skandal an déi grouss Fro, firwat Marvel net och emol méi konsequent däischter dierf ginn.
48:39
53:4537 plays · Sep 27, 2026
41:04
55:35
1:04:00
58:57