Become a Creator today!Start creating today - Share your story with the world!
Start for free
00:00:00
00:00:01
YouTuber retten de Kino? Backrooms, Obsession & Masters of the Universe image

YouTuber retten de Kino? Backrooms, Obsession & Masters of the Universe

E51 · Plottwist
Avatar
36 Plays17 days ago

n dëser Episod schwätze mir iwwer eng spannend Woch am Kino: Scary Movie 6 huet eis bal komplett verluer, Disclosure Day weist nach ëmmer e bëssen Spielberg-Magie, mee bleift um Enn frustréierend oppen, an Backrooms beweist, dass aus engem Reddit-Mythos an YouTube-Kuerzfilmer richteg staarke Kino entstoe kann.

Mir schwätze doriwwer, firwat Backrooms an Obsession grad esou vill Opmierksamkeet kréien, wisou jonk Filmemacher dem Kino frësche Wand ginn, an ob Hollywood endlech sollt verstoen, dass et net ëmmer 500 Milliounen Dollar Budget brauch.

Zum Schluss geet et nach ëm Masters of the Universe, deen eis iwwerraschend vill Spaass gemaach huet: vill Nostalgie, e gudde Mix aus Seriositéit an Nonsens, an e Jared Leto als Skeletor, deen endlech mol richteg passt.

Recommended