Become a Creator today!Start creating today - Share your story with the world!
Start for free
00:00:00
00:00:01
Toy Story-Tréinen, Minions-Frust a Widow’s Bay image

Toy Story-Tréinen, Minions-Frust a Widow’s Bay

S52 · Plottwist
Avatar
18 Plays3 days ago

An dëser Episod vu Plottwist geet et nees quer duerch de Kino- a Streaming-Dschungel: Toy Story 5 iwwerrascht eis mat vill Nostalgie, Emotiounen an aktuelle Sujeten ewéi Social Media, FOMO a Cybermobbing. Donieft froe mir eis, ob Minions and Monsters nach wierklech méi ass wéi just Slapstick a Cashgrab.

Mir schwätzen och iwwer Supergirl, déi nei Etapp am DCU vum James Gunn, mat enger staarker Haaptroll, mee enger Story, déi leider net vill Iwwerraschunge bitt. Donieft geet et ëm Sophie Passmann hir Pick Me Girls, Theater am Kino, feministesch Selbstreflexioun an d’Fro, firwat esou Formater net méi dacks zu Lëtzebuerg lafen.

Zum Schluss gëtt et nach eng kloer Recommandatioun fir Widow’s Bay op Apple TV, e bëssen Apple-TV-Luef am Allgemengen, e queere Bléck op Jim Queen an eng kleng Virfreed op Evil Dead Burn.

Recommended